Home

“Eng kulinaresch Entdeckungsrees duerch eise klenge Grand-Duché”


Foodsteps offréiert de Familljen mat Kanner tëschent 5 an 10 Joer flott kulinaresch Entdeckungsreesen duerch eise Grand-Duché. Wärend enger spannender Schnitzeljuegd musst dir mat e puer Rätselen rausfannen wou déi verschidde Statiounen sinn bei deenen dir ënnerwee eppes Guddes z’iessen kritt. Zum Schluss vun all Wanderung kréien d’Kanner och nach e puer flott Iwwerraschungen !


Dikrech

Dëse Wee weist iech op zirka 7 km lauter Schéinheeten déi Dikrech ze bidden huet. Mat nëmmen 30 Héichtemeteren ass den Tour och fir kleng Been gutt machbar.

Ënnerwee kënnt dir iech op insgesamt 19 Rätsel-, an 3 Iessens-Statiounen freeën.


Sozial Medien

Wat d’Sozial Medien ubelaangt si mir aktiv op InstagramFacebook an Twitter wou mir regelméissegen Kontent posten fir Iech um lafenden ze halen. Do fannt Dir Informatiounen déi haaptsächlech mat Neiegkeeten oder Ännerungen vun eisem Projet ze dinn hunn. Awer och Kontent zu eiser Ekipp fir Iech een klengen Abléck hannert d’Kulissen ze ginn.

Kooperatiounen

Dank eise Geschäftspartner, dem Ciné ScalaFischer an Beim Fränk konnt eisen Projet mat Succès ëmgesat ginn. Mir sinn frou mat dësen dräi Betriber zesummen ze schaffen an bedanken eis vir d’Méiglechkeet vun dësen Kooperatiounen.


Weider Aktivitéiten kommen, schreift Iech fir eis Newsletter an.