De Wee

Dat hei ass den Otto,

an hien erzielt iech lo wat dir alles bei eiser Schnitzeljuegd erliewe kënnt.

Beim Klick op “Kafen” kënnt dir äer Tickets reservéiren fir dës flott Schnitzeljuedg duerch Dikrech op d’eegen Fauscht ze maachen. Nom Bezuelen kritt dir innerhalb vun 48 Stonnen (Bezuelung per Kreditkaart/Paypal) déi ganz detailléiert Documentatioun per Email geschéckt. Duerno kënnt dir eis kulinaresch Wanderung zu all Moment maachen wou dir Loscht hudd.


Informatiounen zum Wee

Dikrech

• 7 Kilometer

• 30 Héichtemeter

• ± 2 – 2,5 Stonnen Trëppelzäit

• Fir Familljen mat Kanner vun ± 5 bis 10 Joer

• Präis: 23 Euro fir ee Kand vun 0 – 16 Joer

• Präis: 29 Euro fir een Erwuessenen

• Inclus am Präis: 3 Iess-Statiounen (Mëtsch + waarmt Gedrénks; Mëttegiessen + Gedrénks; Dessert; Cadeau; Souvenir; Diplom)

• Recommandéiert Startzäit 10h00 – 10h30 (all Wochendag) oder 15h30 – 16h00 (Méindes op Samsdes)

• De Wee ass Kannerkutsch-tauglech

• Méi Informatiounen bei den AGB

• All aner Informatiounen (de genauen Wee, Landkaart, Rätselen, Voucheren fir d’Iessen an d’Cadoen, …) kritt dir nom bezuelen per Email geschéckt.


Kontakt

Virnumm, Nonumm