FAQ

Wéi kann ech bezuelen?

Dir kënnt direkt iwwert des Websäit mat Kreditkaart oder ApplePay bezuelen. Dir kënnt eis awer och kontaktéieren an per virement bezuelen.

Wéi kréien ech meng Dokumentatioun?

Nodeems Dir bezuelt hutt a mir d’Suen um Konto hunn, kritt Dir eng Email geschéckt mat allen Dokumenter fir eis kulinaresch Schnitzeljuegd ze maachen. Am Prinzip verschécken mir dëse Mail innerhalb vun 48h.

Wéi kann ech iech kontaktéieren?

Wann dir nach weider Froen hutt dann kënnt Dir eis gären iwwert eis Kontakt Säit är Froen stellen an mir beäntwerten Iech se gären sou schnell wéi méiglech.

Wéi bleiwen ech informéiert?

Fir ëmmer informéiert ze bleiwen an net ze verpassen wann nei Touren an aneren Stied oder Dierfer disponibel sinn kënnt Dir Iech fir eis Newsletter hei aschreiwen.

Wéivill gëtt et z’iessen an ze drénken ?

No ronn 45 Minutten Go-Zäit kritt dir eng Viennoiserie an ee waarmt Gedrénks, an duerno no ronn 75 Minutten Go-Zäit kritt dir ee waarmt Mëttegiessen (och eng vegetaresch Alternativ gëtt et) an ee Gedrénks. Zum Schluss, no nach emol ronn 45 Minutten Go-Zäit kritt dir een Dessert

Wéi ass d’Go-Zäit gerechent ?

Mir rechnen mat ronn 3 kmh plus Zäit fir déi kleng Rätselen ze léisen.

Gin Ticketen rembourséiert ?

Foodsteps rembourséiert keng Ticketen. Dir kënnt den Tour zu all Moment op d’eege Fauscht maachen, 7j/7j. D’Ticketen sinn net nominativ, sou dass dir se kënnt weider gin. Et ginn awer Kanner- an Erwuessenticketen.

Nomëttes oder owes ?

Ausser Sonndes (just moies), kann een den Tour moies oder mëttes maachen. Wann dir moies ufänkt, am beschten géint 10h00, 10h30. Nomëttes am beschten géint 15h30, 16h00.

Si meng Plaatzen reservéiert am Restaurant ?

Nee. Et kann sinn, dass dir musst bëssen op ee fräien Dësch waarden.

Wat ass wann ech net weider wees an d’Léisung net fannen ?

An der Documentatioun schreiwen mir iech d’Léisungswierder op. Dir hudd och Extraits vu Landkaarten fir de Wee ze fannen. Dat erméiglecht iech, déi 3 Statiounen ze fannen. Ee Smartphone ass awer recommandéiert fir sech besser zu Recht ze fannen.

Rollstull, Kannerkutsch, Trotinette, Lafrad, …

Eisen Tour ass fir all dës Gefierer gemaach, dee ganze Wee geet iwwer betonnéiert Wee’er.