Ekipp

Wee sinn mir?

Mir sinn eng Mini-Entreprise aus dem Lycée classique de Diekirch déi aus 5 ambitionéierten 2e Schüler besteet. Mir hunn dëse Projet am Kader vun de schouleschen Aktivitéiten vun der asbl Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg gegrënnt. Mir hunn eis als Zil gesat, mat eiser Mini-Entreprise den Kanner wéi och den Erwuessenen mat eisen Touren vill Freed ze maachen, d’Rausgoen an d’Natur rëm méi no ze bréngen an hinnen schéin Dierfer oder Stied hei am Land op eng spilleresch an kulinaresch Aart a Weis entdecken loossen.


Eis Geschicht

Eis Geschicht fänkt Ufank September un, wou mir eis an den Cours d’Optioun vun der Mini-Entreprise ageschriwwen hunn. Mir waren 5 motivéiert Schüler, déi Intressi um detailléierten Fonctionnement vun enger Entreprise gewisen hunn. Mir hunn eis laang den Kapp zerbrach fir eng Iddi ze fannen déi Potenzial huet. Schlussendlech hu mir d’Entscheedung getraff eis vun eiser Leidenschaft, dem Entdecken vun der Natur, leden ze loossen fir och aneren Leit dës Freed méi no ze bréngen. Mir hunn an e puer Méint eis Iddi verwierklecht an sou eise Service an d’Liewen geruff. Mat eiser kulinarescher Schnitzeljuegd wëllen mer Familljen mat Kanner eng flott Fräizäit-Aktivitéit bidden. Eisen éischten Wee geet duerch Dikrech wëll mir hei an d’Schoul ginn an et hei vill schéi Platzen ze entdecken ginn.


Déi eenzel Persounen:

Máté Magyar

Chef vun der Entreprise

Ech sinn den Maté Magyar an si bei Foodsteps als Chef an als Website-Designer täteg. Ech probéieren dat meescht aus dëser Entreprise raus ze huelen fir mir sou vill wéi méiglech Erfarung fir meng Zukunft unzëeegnen. An menger Fräizäit beschäftegen ech mech vill mat Musek an ginn och mol gären een Tour spadséieren.

Fabian Hilkhuijsen

Administrateur an Organisateur vun der Entreprise

Ech sinn den Fabian an si bei Foodsteps fir d’Administratioun an d’Organisatioun zoustänneg. Ech verfollegen d’Zil eng Kéier selwer eng Entreprise ze grënnen an ze leeden, dowéinst sinn ech frou Deel vun dësem Projet ze sinn. An menger Fräizäit sinn ech fräiwëllege Pompjee an spillen am Orchester Saxophon an Klarinett.

Lisa George

Comptable vun der Entreprise

Ech sinn de Chef Financier vun eiser Ekipp. Ech këmmere mech also em d’Comptabilitéit an d’Finanz-Situatioun vun eiser Entreprise.
Een Hobby ass zum Beispill all Woch meng ganz Suen fir eng nei Hoerfaarf auszeginn, alles aneres wier jo langweileg. Soss sinn ech och déi oppenst Persoun di mer kennen, et kann een mat mir ëmmer iwwer alles schwätzen.

Mattéo Mercier

Comptable vun der Entreprise

Ech sinn den Mercier Mattéo an ech sinn mam Lisa deen deen sech ëm d’Finanzen vun eiser Entreprise këmmert. Ech sinn begeeschtert hei an der Entreprise mat ze maachen, well ech an der Iddi vill Potential gesinn. Ech freeën mech un dësem Projet ze schaffen fir Erfarung fir d’Zukunft ze sammelen. Ech spillen an menger Fräizäit Badminton an ginn gären spadséieren vir mech vu mengem Alldag ze entspanen.

Emma Lutgen

Grafik-Designer vun der Entreprise

Ech sinn d’Emma an sinn haaptsächlech fir déi visuell Säit vu Foodsteps zoustänneg. Sou hunn ech zesummen mat enger Kolleegin den Otto, eist Maskottchen zum Liewen bruecht. Déi kreativ Säit vu mir ass perfekt vir d’grafesch Aufgaben an der Entreprise ze iwwerhuelen. Ech sinn interesséiert un Grafik Design an sammelen sou Erfarung vir mäi spéidert d’Liewen.